1. Kann ee sech d'Persoun oder den Déngschtleeschter eraussichen, déi/deen d'Bluttofnam maache kënnt?

    Pickendoheem ass een neie mobille Bluttanalysservice, deen op dat ganzt Hëllefs- a Fleegenetzwierk zu Lëtzebuerg berout. Vue, dass eis Prioritéit dorauser besteet, en héichwäertege medezinesche Proximitéitsservice am ganze Land unzebidden, kann een d'Persoun oder den Déngschtleeschter, déi/deen d'Bluttofnam maache kënnt, leider net eraussichen.

  2. Get et Analysen dei net doheem kennen gemeet gin?

    Analysen vum folgenden Typ kennen net doheem gemeet gin well se eng medezinesch Iwwerwachung benéidegen: HGPO (hyperglycémie provoquée orale), test de O’Sullivan, test au lactose…
    Weiderhin kennen folgend Analysen wéint techneschen Grenn net doheem gemeet gin: Ammoniac, Cryoglobuline
    Dir kennt dei Tester an engem vun eisem Partner sengem Blutentnahme-Zenter machen

  3. Kann ech am Numm vu mengem Kand oder engem Familljemember e Rendez-vous huelen?

    Als éischte lëtzebuergesche mobille Bluttanalysservice erméiglecht Iech Pickendoheem, souwuel fir Iech selwer wéi och fir en anere Familljemember e Rendez-vous ze huelen.

  4. Wéi kréien ech meng Analysresultater?

    Fir seng Bluttanalysresultater séier ze kréien ass et am Einfachsten, déi gratis Applikatioun myLAB (am App Store oder op Google Play disponibel) erofzelueden oder op www.my-lab.lu ze goen.

  5. Wéi ee Laboratoire ass fir meng Analysen zoustänneg?

    De Partnerlaboratoire vu Pickendoheem ass BioneXt Lab. Mat Sëtz zu Leideleng schafft de Laboratoire BioneXt Lab mat erfuerene Mataarbechter zesummen a stëtzt sech op eng ultramodern technesch Plattform, fir eng ganz Rei vun Analysen unzebidden, vun üübleche bis zu spezialiséierten Analysen.

  6. Muss ee virun enger Bluttanalys eniichter sinn?

    Et muss een net onbedéngt fir all d'Analysen eniichter sinn, dat heescht säit dem Virowend (8 bis 12 Stonne Verdauung) weder eppes giess nach eppes anescht gedronk hu wéi Waasser oder schwaarze Kaffi ouni Zocker oder Mëllech. Fir folgend Analyse muss een onbedéngt eniichter sinn:

    • Bluttzocker, 
    • Cholesterol, LDL, HDL
    • Triglyceriden
    • Apolipoproteinnen A a B
    • Helikit (Sich no Helicobacter pylori)*

    * Fir dësen Test dierf ee säit 12 Stonnen iwwerhaapt näischt giess, gedronk a gefëmmt hunn.

  7. Wéi eng Dokumenter musse virleien, dermat ee vum Service profitéiere kann?

    Dir braucht d'Ordonnance vun Ärem Dokter an Ä Kaart vun der CNS, wann Dir ageschriwwe sidd.
    Fir bestëmmten Analyse brauch een och nach aner Dokumenter:                      

    • Genetesch Analysen: Consultatiouns- an Awëllegungscertificat.
    • Trisomie HT21 bei schwanger Fraen: vum Dokter an der Patientin ausgefëllten Awëllegungsformulaire an de Bericht vun der leschter Echografie.
  8. Kann ech mäi Rendez-vous den Dag selwer nach ofsoen?

    E Rendez-vous kann online bis zum Virowend um 18h annuléiert ginn. Duerno an den Dag selwer muss all Annulatioun per Telefon gemaach ginn.

  9. Kann ech online en Rendez-Vous fir haut kréien?

    En Rendez-Vous den Daag selwer huelen as online net méiglech. An desem Fall musst Dir Ären Rendez-Vous per Telefon um 8002 4040 huelen.